
Nom mäerderesche Brand mat op d’mannst 59 Doudegen an iwwer 150 Blesséierten an enger Disko a Nordmazedonien ass eng international Hëllef ugelaf. Vun den 140 Persounen, déi hospitaliséiert goufen, koumen der 51 an d’Ausland, ënnert anerem a Griichenland, an d’Tierkei, Serbien a Bulgarien.
Wéi et en Dënschdeg an engem Communiqué heescht, goufe mat Hëllef vum CGDIS a Kooperatioun mam Inneministère an dem Ausseministère véier Patienten aus Nordmazedonien evakuéiert. Zwee Patiente goufen deemno an Ungarn transportéiert, déi zwee aner a Kroatien, wou si eng spezialiséiert medezinesch Versuergung kréien.
Duerch d’Fluchstonne vum “emergency.lu"-Dispositif, déi fir medezinesch Evakuéierunge reservéiert sinn, konnt d’Lëtzebuerger Air Rescue d’Patienten transportéieren. D’Operatioun gouf vum Lëtzebuerger Ausseministère an der EU am Kader vum EU-Katastropheschutzmechanismus kofinanzéiert.
De lokale Parquet enquêtéiert iwwerdeems iwwert d’Onglécksursaach. Op Videoen, déi an de soziale Medie ronderëm ginn, erkennt een, dass d’Feier aller Warscheinlechkeet no duerch Pyrotechnik ausgeléist gouf.