
Knapp 130 Stroossebeem goufe gehaen oder deplacéiert, 30 fix, 5 mobil, 2 Chantiersradaren a 5 Streckeradare goufen installéiert. Donieft koume 600 nei Froen am theoreeteschen Deel vum Fürerschäin-Exame bäi an och Sensibiliséierungsaktioune géint Alkohol hannert dem Steier oder iwwerdriwwe Vitesse goufe gemaach. D’Verkéierssécherheet gëtt zu Lëtzebuerg grouss geschriwwen.
An awer gëtt d’EU-Zil vun manner Verkéiersdoudegen hei am Land net erreecht: eleng zejoert goufen et 26 Doudesaffer duerch Accidenter, 10 manner wéi 2022, ma nach ëmmer d’nämmlecht vill ewéi an der Moyenne vun de Jore virdrun,.
Wéi vill Accidenter a Blesséierter et bei Stroossenaccidenter zejoert goufen, kann d’Regierung net matdeelen, well dës Chifferen nach net virleien. Gewosst ass awer, wéi vill Autoen d’Police bei Kontrollen mat Chantiers- oder mobile Radare geblëtzt huet. An den éischten 9 Méint vum Joer 2023 waren dat der 55.000. Bannent dem ganze Joer 2022 waren et der 96.000.
De Plang, fir e Streckeradar op der N25 tëscht Wolz a Kautebaach z’installéieren, gouf iwwerdeems fale gelooss.
Iwwerdeem mécht och d’Iddie vum Alkoholtester konsequent hire Wee. Sou muss all neie Won, deen nom 7. Juli hei am Land ugemellt gëtt, mat engem Interface equipéiert sinn, deen d’Installatioun vun sou engem Alkoholtester am Gefier erlaabt.
Dës Prezisiounen liwweren 3 Ministeren op eng parlamentaresch Fro vun den 3 LSAP-Deputéiert Cruchten, Biancalana a Closener.