Kooperatioun "Hazeldonk"Lëtzebuerg huet sech un internationaler Drogerazzia bedeelegt

RTL Lëtzebuerg
14 Zich a 5 Busser goufen op de Garen uechter d'Land op Drogen duerchsicht, dat am Kader vun der internationaler Operatioun "Hazeldonk".
© Police Luxembourg

Och Frankräich an déi aner Benelux-Staaten Holland an d’Belsch hunn esou Perquisitiounen duerchgefouert. Vun deene Leit, déi kontrolléiert goufen, haten der 24 Drogen dobäi. Am ganze goufen 187 Gramm Haschisch, 52 Gramm Cannabis an eng Rei Kokain-Bulle fonnt. Dës weidere goufen zwou Waffe beschlagnaamt. Eng Persoun gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Zil vun der Zesummenaarbecht ass de Kampf géint den Drogentourismus an d’Zerschloe vun de Verkafsplazen an Holland. D’Operatioune konzentréiere sech dobäi op de Stroossen-, Zuch- a Fluchtrafic.

D’"Hazeldonk"-Operatioune goufen éischtmoleg 1995 vu Frankräich an Holland initiéiert.

Back to Top
CIM LOGO