
Wéi d’Chambre de commerce matdeelt, kënnt de Grand-Duché am sougenannten World Digital Competitiveness Ranking just nach op déi 29. Plaz vun 67 Länner. Viru 5 Joer stoung Lëtzebuerg nach op der Plaz 21. Onëmstriddene Leader bleiwen d’USA, viru Singapur, der Schwäiz an Dänemark.
De sougenannten World Digital Competitiveness Ranking analyséiert 58 Indicateuren. Besonnesch bei der Formatioun fir déi nei Technologien hätt Lëtzebuerg verluer, sou d’Chambre de commerce, fir déi et Zäit gëtt, fir “d’Tendenz ëmzekéieren”.
Och de reglementaresche Kader géif eng Schwaachstell bleiwen. Déi schlechtsten Nott awer hätt et mat der 54. Plaz vun 67 am Beräich “future readiness” kritt. Dat heescht, wéi gutt een als Land fir déi digital Entwécklung preparéiert ass. Entreprise géifen net séier genuch Opportunitéiten am digitale Beräich erkennen. An och an der Cybersécherheet géif et bei de Betriber u Bewosstsinn feelen.