NextGenerationEULëtzebuerg kritt 83 Milliounen Euro

Monica Camposeo
Tim Morizet
Dës ginn a Formatioune fir den Aarbechtsmaart ze ënnerstëtzen, an Transport-Projeten, souwéi an de nohaltegen an abordabele Wunnraum investéiert.
© Finanzministère

Lëtzebuerg kritt vum EU-Hëllefspak NextGenerationEU nëmmen e klengen Deel of. Nämlech 83 Millioune vun am Ganzen 720 Milliarden Euro, déi un d’Memberlänner verdeelt ginn. Dëse Pak ass an der Pandemie op EU-Niveau ausgeschafft ginn, fir d’Relance an d’Resilienz ze garantéieren. Elo gouf de Bilan vun den ëmgesate Projete presentéiert.

NextGenerationEU: Lëtzebuerg kritt 83 Milliounen Euro

Dass Lëtzebuerg nëmmen e klengen Deel vum Kuch kritt, wier e gutt Zeechen, fënnt den EU-Kommissär Nicolas Schmit. Am Verglach mat anere Länner wier Lëtzebuerg nämlech gutt duerch d’Kris komm, dat géing och déi modest Subventioun vun der EU erklären, sot hien. De Grand-Duché géing awer och ganz allgemeng vum 720-Milliarden-Euro-Hëllefspak profitéieren. An zwar well Lëtzebuerg als kleng Ekonomie bannent der EU extrem ofhängeg vun der Europäescher Unioun wier an deemno och vun der wirtschaftlecher Situatioun vun der EU. Mat NextGenerationEU géing déi néideg Stabilitéit garantéiert ginn.

Lëtzebuerg investéiert d’Aiden a Formatiounen, fir den Aarbechtsmaart ze ënnerstëtzen, an Transport-Projeten, esou wéi an de nohaltegen an abordabele Wunnraum. Ee Beispill ass de Wunnquartier NeiSchmeltz, deen zu Diddeleng mat engem Null-Emissioune-Konzept entsteet. 18 Milliounen EU-Gelder fléissen an dëse Wunnprojet, dee Logementer fir 2.300 Leit soll schafen. Der Finanzministesch Yuriko Backes no géing dës Subventioun duerch den EU-Fong weisen, dass am Logement dréngend eng Ännerung sollt kommen.

D’ADEM konnt mam Hëllefspak vun der EU zwee Projete finanzéieren. Deen ee gesäit vir, déi digital Outilen ze erneieren. Deen anere Projet ass an der Pandemie ëmgesat an 2022 ofgeschloss ginn. D’Direktesch vun der ADEM Isabelle Schlesser erkläert, dass domadder 500 Persounen, déi deemools op der Sich no enger Aarbecht waren, eng Formatioun fir Soft Skills, esou wéi fir digital Kompetenze konnte kréien. Dëse Formatiounsprogramm mam Numm “Future Skills” ass mat annerhallef Millioun vum europäesche Budget finanzéiert ginn.

Lëtzebuerg investéiert iwwregens zwee Drëttel vun den EU-Gelder a Projeten, déi déi energeetesch Transitioun ënnerstëtzen.

D'Presentatioun vum EU-Hëllefspak NextGenerationEU fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO