Tensiounen a Karabach-RegiounLëtzebuerg mat engem Polizist un EU-Friddens- an Observatiounsmissioun bedeelegt

Roy Grotz
Ëmmer nees kënnt et un der Grenz tëscht Armenien an dem Aserbaidschan zu Tensioune wéinst der ëmstriddener Karabach-Regioun.
© AFP/Alain JOCARD

Zanter zwee Joer ass eng EU-Missioun an där Regioun aktiv, wou och Lëtzebuerg dru bedeelegt ass. Dës Missioun gëtt bis 2027 verlängert an och Lëtzebuerg stellt weider ee Mann vum Kontingent, dat 210 Leit zielt.

Dës Regierungsdecisioun gouf e Méindeg de Moien an den zoustännege Chamberkommissioune matgedeelt. Deemno géif d’EU-Friddens- an Observatiounsmissioun komplett hire Sënn an Zweck erfëllen. Et ass ee Lëtzebuerger Polizist, dee weider wäert an Armenien stationéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO