Sexuell iwwerdrobar InfektiounskrankheetenLëtzebuerg mécht bei europäescher Woch vum Depistage mat

RTL Lëtzebuerg
Och hei am Land hunn d'Fäll vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten a leschter Zäit zougeholl.
© AFP

Am Joer 2023 gouf et zu Lëtzebuerg eng Hausse vu 16 Prozent bei der Syphilis, 7 Prozent bei Chlamydien a bei Fäll vun Tripper souguer en Zouwuess vu bal 30 Prozent. Dës Chifferen alarméieren an ënnersträichen d’Wichtegkeet vum Depistage. Ënnert dee Motto setzt sech och dës Woch vum 18. bis den 22. November ganz Europa, fir mat Zäiten ze intervenéieren. Sief et fir déi genannt Krankheeten oder och Fäll vun HIV.

D’Laboe KetterThill a Bionext offréiere gratis an anonym Tester, dat zesumme mam Gesondheetsministère, der HIV-Berodung vum Roude Kräiz an dem Abrigado.

Back to Top
CIM LOGO