
Mir ginn ëmmer méi al, nach ni war d'Liewenserwaardung vun der Mënschheet esou héich wéi elo. Dat ass eng Erausfuerderung fir d'Pensiounskeesen, wann ëmmer méi Pensionnaire bäi kommen.
Allianz huet de "Global Pension Report" verëffentlecht. Do goufen d'Pensiounssystemer a 70 Länner ënnert d'Lupp geholl a klasséiert, fir ze kucken, ob si laangfristeg kënne finanzéiert ginn, ob si nohalteg sinn an ob si fir genuch Leit suerge kënnen.
Déi éischte Plaz geet u Schweden, déi zweet un eis belsch Noperen an déi drëtt un Dänemark. Duerno kommen Neiséiland, d'USA, Australien, Holland an Norwegen. Lëtzebuerg ass op der 15. Plaz, Däitschland ass d'Nummer 26 a Frankräich ass nëmmen op der Plaz 51.
Ganz hannen am Ranking sinn de Libanon, d'Arabesch Emiraten, Sri Lanka, Saudiarabien, de Katar an de Bahrain.
De ganze Klassement an de Rapport vun der Etüd fannt dir hei.