Hëllef fir d'PopulatiounLëtzebuerg schéckt Medikamenter an d'Ukrain

Lynn Cruchten
E ganze Camion voll Medikamenter a medezinesch Ekipementer huet sech vum CGDIS vu Miersch aus op de Wee a Polen un déi ukrainesch Grenz gemaach.
Lëtzebuerg schéckt Medikamenter an d'Ukrain
E ganze Camion voll Medikamenter a medezinesch Ekipementer huet sech vum CGDIS vu Miersch aus op de Wee a Polen un déi ukrainesch Grenz gemaach.

D’Ukrain huet iwwert de sougenannten UCPM, en europäesche Protection-Civils-Mechanismus, konkret Hëllef ugefrot. D’Lynn Cruchten war dobäi, wéi d’Hëllefsgidder am Lager verpak an verluede gi sinn.

Lëtzebuerg huet grad wéi déi aner EU Memberstaate via déi europäesch Hëllefsplattform ERCC eng Demande kritt, fir op déi aktuell Besoine vun der Ukrain ze reagéieren, seet de Christian Schmitz vum CGDIS. Mir kruten eben d’Prioritéite genannt. Do waren da lo net onbedéngt Kleeder dobäi, mä do waren éischter Nahrungsmëttel, respektiv dann och Bensin an Diesel. Alles dat ass gefrot ginn. Mä awer och medezinescht Material fir Klinicken oprecht z’erhalen, respektiv d’Leit, deenen et dohanne vläicht dee Moment net sou gutt geet dann déi ze versuergen.

Et sinn dann och virun allem medezinescht Material, dorënner Thermometeren, a Medikamenter, déi als Don vum Lëtzebuerger Staat un d’Ukrain geliwwert ginn. Dat si verschidden Zorte Medikamenter. Sief et Antibiotik, sief et aner Medikamenter, déi am Kader u sech vum Covid, wéi nach net ganz kloer war, wat een alles géif brauchen, huet d’Santé déi Saachen agelagert an déi hu mer lo zur Verfügung gestallt kritt, fir de Leit do ënnen ze hëllefen.

Am Lager vum CGDIS zu Miersch goufen d’Këschten triéiert, gewien, beschrëft a verpaakt, fir da paletteweis an e Camion verlueden ze ginn. Dësen transportéiert d’Saache mat Hëllef vun EU-Gelder an e Logistikzenter a Polen. Si verwäerten alles, si huelen alles beieneen a vun do aus ginn d’Transporter da Richtung ukrainescher Grenz, respektiv iwwert d’Grenz eriwwer bei déi Leit, déi et da brauchen.

Eng zweet Liwwerung vum CGDIS an Direktioun ukrainesch Grenz ass am Laf vun der nächster Woch geplangt. Dat wäert gréisstendeels Tyvek-Kostümer beinhalten, déi och gefrot gi sinn an och akzeptéiert gi sinn. Mä awer och Pompjeesmaterial, wat gefrot ginn ass. Schläich, Pompelen, déi mir als CGDIS hei kënnen entbieren, fir de Kolleegen an der Ukrain ze hëllefen

Wat de Grand-Duché allerdéngs net wäert spende sinn Zelter, Better an Decken, well een dovun ausgeet, dass mer déi selwer wäerte brauchen, fir Flüchtlingen hei am Land opzehuelen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO