
Knapp 2/3 vun de Leit wëllen eng europäesch Constitutioun
Dat war eng vun den Iwwerschrëften op Radio Lëtzebuerg an der leschter Januarwoch vum Joer 2005.
Am Ufank vum Joer 2005 gouf no vir gekuckt op de Referendum fir eng europäesch Verfassung. De Meenungsfuerschungsinstitut Ilres huet bei der Lëtzebuerger Populatioun de Bols gefillt. De Charles Margue, deemolegen Direkter vun Ilres:
“Dat éischt, wat opfält, dat ass, dass de Camp vun deenen Opponenten, dass deen dës Kéier mol eng Kéier méi sensibel offält, mer kommen op en Taux vu 16 %. De positiven Trend ass an deem Sënn esou staark am Fong wéi nach net an deene leschte Méint virdrun. De Camp vun den Indécisen, dee geet éischter erop.”
Am Januar 2005 waren am Irak déi éischt fräi Walen zënter iwwer 50 Joer
D’Wale ware begleet vun Attentater an et gouf zeg Doudesaffer. Et waren Nationalwalen a Regionalwalen. D’Sunitten hunn d’Wale boykottéiert. Den deemolegen LSAP-Ausseminister Jean Asselborn sot an den RTL-Noriichten, datt dës Walen als Tëschenetapp ze gesi wieren:
“Hei war elo eng Wal fir eng Assemblée constitutionnelle. Am August soll déi Constitutioun dann ausgeschafft sinn, da soll e Referendum stattfannen am Oktober elo 2005. An dann d’Parlamentswalen, eigentlech richteg Parlamentswale sollen am Dezember 2005 stattfannen. An do muss déi sunnitesch Minoritéit mat derbäi sinn, wann iwwert déi nei Verfassung geschwat gëtt, fir dass all Deeler vun der Bevëlkerung am Irak kënnen dorunner deelen.”
Handysnummer ka mat bei en aneren Operateur geholl ginn
Zënter Enn Januar 2005 ass et méiglech, seng Handysnummer bei en aneren Operateur mat eriwwer ze huelen. Eng entspriechend europäesch Direktiv gouf ëmgesat. De Jean-Claude Bintz vum Groupement vun den Telekommunikateuren:
“De Formulaire gëtt ausgefëllt, e geet an de System eran, d’Informatioun kënnt zréck, et ass an der Rei an den Nummer ka portéiert ginn. Souwéi ech dat soen, kéint dat theoreetesch och lafen. Et ass awer e bësse méi technesch komplizéiert. Also esou ganz Rucki-Zucki geet et och net. Déi zweet Méiglechkeet ass, e geet bei deen neien Operateur an e seet, ech géif gär portéieren, ech géif gär en neie Kontrakt mat der maachen, mee ech wéisst gär vu mengem alen Operateur, wat ech do nach schëlleg sinn, wat meng Obligatioune vu Kontrakter sinn. Oder iergendwéi eppes, wat ech nach do vläicht iwwersinn hunn, vläicht net méi drun denken.”
Modern Luxair-Flott
An d’Luxair huet am Januar 2005 mam Embraer ERJ135 Eurojet hir Flott moderniséiert.