
Dat sot hire President a Gynekolog Pit Duschinger op Nofro hin. Als Hyménoplastie bezeechent een d’Rekonstruktioun vum sougenannten “Jungfernhäutchen”.
D’lescht Woch gouf iwwer een entspriechende Gesetzesprojet an der Santés-Chamberkommissioun diskutéiert. Dee gesäit awer och vir, datt déi obligatoresch Bedenkzäit vun dräi Deeg virun enger Ofdreiwung soll ofgeschaaft ginn. Do fält d’Reaktioun vun de Lëtzebuerger Gynekologen awer méi gemëscht aus.
D’Associatioun vun de Lëtzebuerger Gynekologen huet sech a Gespréicher mat der zoustänneger Ministesch Martine Deprez dofir ausgeschwat, et beim Delai vun dräi Deeg ze beloossen. Dozou den Dr. Pit Duschinger.
“Aus deem einfache Grond, well mir net eis Patiente wëlle bevormunden, mee mir wollte se letztendlech schütze virun heiansdo dach Panikreaktiounen, déi mol kënnen opkommen an esou enger Situatioun.”
An der Realitéit géinge bei engem Schwangerschaftsofbroch awer souwisou een oder zwee Deeg Sputt bleiwen tëschent enger éischter Consultatioun an dem Rendez-vous fir den Akt selwer, mengt de Gynekolog.
“Well jo net eng Patientin mam Wonsch vun enger Interruption de grossesse an d’Praxis kënnt an dann do erausgeet, an d’Interruptioun ass gemaach. Do ass eng kleng Latenzzäit déi einfach vun de Methodiken hier, déi benotzt ginn, déi ass do. Sou dass mir eigentlech elo sou kënnen domat liewen.”
Wat d’Virginitéitszertifikaten an Hyménoplastien ugeet, esou stéingen d’Lëtzebuerger Gynekologe ganz kloer hannert engem Verbuet.
“Ech mengen datt et fir eng Fra näischt méi Onwierdeges an Diskriminéierendes gëtt, wéi datt iergendeen no engem Virginitéitszertifikat freet oder vun engem Medezinner verlaangt, datt en een Hymen, also ee “Jungfernhäutchen” rekonstruéiert.”
Dem President vun der Associatioun sinn iwwerdeems keng Gynekologen am Grand-Duché bekannt, déi eng Rekonstruktioun vum Hymen ubidden. Hie selwer wier a senge 35 Joer am Beruff och net eng eenzeg Kéier fir ee Virginitéitszertifikat oder eng Hyménoplastie gefrot ginn.