Mee fir dass dat besser klappt, muss kloer sinn, wat genee an den eenzele Produiten dran ass a wéi nohalteg déi Komponente sinn. Lëtzebuerg versprécht do eng Léisung.
An zwar eng Zort Pass fir Produiten, wou ee genee dat novollzéie kann, dat sougenannte Product Circular Data Sheet (PCDS). Déi Date-Blieder stinn den Entreprisen dann op der Plattform vun Terra Matters zur Verfügung.
Am ganze si bis elo 50 Entreprisen op der Plattform an hunn d’Date-Blat iwwer hir Materialien ausgefëllt. Doduerch soll den Informatiounsaustausch tëscht de verschiddenen Entreprisen an Industrië méi einfach ginn a “greenwashing” ënnerbonne ginn. Bis dato gouf et nämlech keen eenheetleche Standard a genee dat huet d’Kreeslafwirtschaft an der Praxis schwiereg gemaach.
Et hätt een nëmme schwéier kënne gesinn, wéi eng Materialien zum Beispill an engem Produit sinn, a wéi ee se eng zweete Kéier benotze kann, wéi de Wirtschaftsminister Lex Delles erkläert: “Wann een en Handy huet zum Beispill, do si ganz vill Komponenten drann. Do gëtt awer net uniform gekuckt, wat ass da lo genau dran. Hei ass am Fong e Produit, deen entwéckelt gouf, deen éischtens ganz einfach ass. Sou dass ech am Fong just Froen hu mat ,jo ‘ an ,nee’, fir genee ze kucken, wat do dran ass. Wat sinn zum Beispill d’Merkmaler vun deem Stéck aus dem Handy? An da kann ech déi erëm eraushuelen an ech kann eppes anescht domat maachen.”
Terra Matters ass Deel vun engem Groupement économique, zesumme mat der Chambre de Commerce an dem Wirtschaftsministère. De Staat ënnerstëtzt d’Plattform mat 3,2 Milliounen Euro iwwer 4 Joer, mat Optioun op Verlängerung vun engem Joer.
Deel vun der Plattform ass zum Beispill Äerd-Lab. D’Entreprise ass lo 4 Joer al an huet sech Kreeslafwirtschaft op de Fändel geschriwwen. Zu Hamm 3-D-printe si Akustesch- an Dekoratiounselementer, awer och Zillen aus Leem oder Bauschutt. E Stull aus Betzder Leem wäert esou deemnächst zu Osaka op der Weltausstellung stoen.
Bei Terra Matters hofft een, dass sech weider international Firmen aschreiwen. Eng Berodung fir méi nohalteg ze ginn, mécht d’Ekipp awer bis elo net. Den Direkter Jerôme Dierickx erkläert, et géif een an Zukunft wëlle mat Beroder zesummeschaffen.