Lëtzebuerger AltlastenkatasterLiewe mat e puer 100 bekannte Gemengendeponien an illegalen Tippen

Monique Kater
Wann Dir mengt, Ären Terrain kéint op engem polluéierte Site leien, mellt iech bei der Ëmweltverwaltung.
Lëtzebuerger Altlastenkataster
Liewe mat e puer 100 bekannte Gemengendeponien a illegalen Tippen

Wann der ären Terrain, rosa markéiert, um Altlastenkataster vu Geoportail erëmfannt, mellt iech bei der Ëmweltverwaltung – sou d’Recommandatioun an engem Depliant vum Ministère aus dem Joer 2006. Wann et ëm eng Vente oder e Kaf vun engem Terrain geet, benotzen d’Notairen an der tëscht reegelméisseg den online Outil fir eventuell polluéiert Sitten z’identifizéieren. Vue, dass an der Zäit all Gemeng hiren Tipp hat an och soss Plazen an der Natur benotzt goufen, op deene Privatleit hiren Dreck ofgelueden hunn, kann ee sech virstellen, dass et där rosa markéiert Punkten, e puer honnert op eiser Landkaart gëtt.

Den Altlastenkataster ass en dacks genotzten Outil op Geoportail

D’Ëmweltverwaltung weess esou zimmlech genau, wat iwwerall ënnert dem Gréngs läit oder ob d’Natur nach esou intakt ass, wéi se vun uewen ausgesäit. All Gemeng hat fréier en eegenen Dreckstipp, déi eegen Deponie. De Cadastre des sites pollués, respektiv “potentiellement” pollués, wëllt se all opzielen, Op dëser Kaart stinn och Plazen drop, déi mol verknascht waren, mee an tëscht gebotzt goufen. Rosa steet hei also fir Dreck, och wann et sanéiert ass. An dat Rosat bleift do fir ëmmer stoen, mat Historique.

De Luc Zwank, Direkter vun der Ëmweltverwaltung erkläert, dass d’Notairen haut vun där Méiglechkeet profitéieren, dem Client Bescheed ginn, dass eventuell op engem Terrain kéint eppes fonnt ginn, gehéiert dozou – ass awer vum Gesetz net imposéiert!

© Geoportail.lu

An de 90er gouf mat der Aarbecht um Altlastekataster ugefaangen, dofir gouf an den Vergaangenheet gekroomt a gekuckt, wou nieft de bekannten, och nach vläicht vergiessen Tippe léichen.

Och de ganz normale Bierger gräift op dës Infoen zeréck, den Direkter vun der Ëmweltverwaltung zielt, eleng zejoert, méi wéi 17.000 Ufroen zu vläicht verknaschte Parzellen. Betraff sinn an éischter Ligne därer, wou eng Aktivitéit war, déi e Commodo gebraucht huet, fir dierfen ze schaffen, dorënner d’Botzerei op der Polvermillen, fir just een ze nennen.

Soss schreiwen d’Critère vir, dass de Buedem erausgeholl an da gekuckt gëtt, ëm wéi eng Belaaschtung et sech handelt, sou den Direkter vun der Ëmweltverwaltung. Ob een e ka leie loossen oder net, hänkt vum Projet of, deen do soll realiséiert ginn.

Just nach ee richtegen Tipp am Land

Laanscht d’A1 Richtung Tréier eppes no Fluessweiler läit deen eenzegen richtegen Tipp, respektiv déi eenzeg richteg Hausmüll-Deponie, déi mer nach hei am Land hunn. Och de Muertendall ass rosa markéiert. 21 Gemengen a 70.000 Awunner, eng Fusioun vun 3 Syndikater – fannen hei en Partner an der Offallwirtschaft.

Déi klassesch Tippe vun den eenzele Gemengen uechtert d’Land sinn net méi am Gebrauch, mä wat läit ënnert deem Buedem, wat een net gesäit? Wat a wéi gëtt eventuell sanéiert ?

Illegal Knascht ewech geheie kascht bis zu 750.000 Euro

Et kéim leider nach ëmmer vir, dass dat, wat eis doheem an de Féiss ass, net op de Recycling, mä an de Bësch gehäit gëtt. An der Zäit gouf sech heiriwwer weider kee Kapp zerbrach, hautdesdaags ass dëst och offiziell en no go!

E Message fir matzehuelen: Knascht an der Natur deposéieren ass illegal a gëtt bestrooft! An dat nawell zolidd. Net geféierlechen Offall kascht tëscht 24 an 10.000 Euro Strof, bei geféierlechem geet se erop op 750.000 Euro an esouguer Prisong !

Back to Top
CIM LOGO