
„Et war e Gëftmord, an den Här ass e Gëftmäerder!“: Dat war eng vun den Aussoe vun der Vertriederin vum Parquet, e Mëttwoch de Mëtteg um Stater Geriicht am Prozess géint den Ex-Polizist, deen am September 2016 zu Bäreldeng seng Schwëster a säi Schwoer mat Gëft ëmbruecht hat.
Ënnert anerem huet d'Parquetière nach gefrot, ob ronn 500.000 € duerginn, fir seng Famill auszerotten. Do géifen engem d'Wierder feelen, an dat wär déi eigentlech Tragedie vum Dossier.
Um Ufank vun hirem Requisitoire sot d'Vertriederin vum Parquet, dass dëst eng exzeptionell Affär wär, vu méi wéi engem Standpunkt hier, an ënnert anerem duerch d'Gravitéit vun de Faiten an d'Personalitéit vum Beschëllegten. Et wär schwéier nozevollzéien, firwat zwee Leit hu misse stierwen. Et géif dann och fir d'Hannerbliwwe keng Äntwert ginn op d'Fro „Firwat?“ En novollzéibare Grond géif et net ginn, just e surreaalt Motiv, dat sou nichteg wär, dass een et net gleewe kéint: D'Affer wären, wéi de Mann erkläert hat, gestuerwen, well se hien net wollte mat an eng Vakanz huelen! Méi spéit an hiren Ausféierungen hat d'Parquetière dat awer als Grond ausgeschloss an e finanziellt als dat plausibelst Motiv bezeechent. De Knackpunkt hei wär d'Fro, ob den Ex-Polizist déi zwee Affer ëmbrénge wollt oder net.
D'Doudesursaach wär eng Vergëftung duerch Zyankali gewiescht, woubäi den Ugekloten „net knéckeg war mam Gëft, dat e ginn huet“. Bei sou engem Doud wär de Virsaz supposéiert: De Beschëllegten hätt sech informéiert, no Gëft gefrot, dat bei enger Autopsie net ze detektéiere wär, an dono, wou e sou e Gëft kréie kéint. Et wär irrelevant, wat fir e Gëft hie geliwwert krut; d'Finalitéit wär déi selwecht: nämlech den Doud vun den Affer.
Spéitstens beim Appell um 112 hätt den Ex-Polizist misse soen, dass hien deenen zwee Gëft ginn huet, ma hien hätt näischt gesot. Dobäi hätt, wann hie sech dunn enges Bessere besënnt hätt, keng Infraktioun bestanen: „Hätt hien do reagéiert, dann hätte mer e juristesch kniwwelege Fall!“, war de Constat vun der Vertriederin vum Parquet. Ma wéinst der Perfidie, dem Manktem u Bereien an där schrecklecher Dot vum Mann géif et just eng adaptéiert Strof ginn, an zwar liewenslängleche Prisong!
Den Ugeklote sot um Enn, dass seng Dot inacceptabel an net méi gutt ze maache wär. Hien hätt sech komplett verrannt a wéilt sech bei jidderengem entschëllegen.
D'Urteel ass fir den 31. Juli.