D’Luxexpo huet dem ONA, dem Service National de l’Accueil vum Ausseministère, d’Hal niewent der SHUK fräi gemaach. 600 Better hätt een domat bäi kritt. Domat ass Plaz fir 800 Refugiéen aus der Ukrain. Well d’Foire-Halen awer u sech fir aneres do sinn, gëllt dës Offer just bis den 11. Abrëll. Ass alles beieneen, gëtt d’Organisatioun méi einfach, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, deen awer scho méi wäit kuckt: Et huet grouss Avantagen, allerdéngs weess ech net, ob dat hei duergeet. Dat ass d’Fro. Mir hunn eng Alternativ opgebaut zu Contern, wou mir eng Hal hu vun der Firma Rollinger, déi eis zur Verfügung gestallt ginn ass a wou lo dru geschafft gëtt. Wou ech awer net weess, aus Sécherheetsgrënn, wéi vill Leit mir do dra kréien. Mir haten um Ufank geplangt, wéinstens 500 Leit. Dat muss gekuckt ginn. Mir kréien an den nächsten Deeg gesot, wéi vill Leit dass do dra kommen. Wa mir déi kriten, wier dat dann eng Méiglechkeet, fir wann dat heiten net méi géing zur Verfügung stoen, fir dann dohinner ze goen.
Den Ausseminister schwätzt vun iwwer 4.000 Demanden, déi Lëtzebuerg bis ewell offiziell krut. 1.400 Better hätt ee vum Staat, dem Roude Kräiz an der Caritas. Ouni déi an ouni den Asaz vun de Gemengen an dem ONA wier esou eng Hëllef net méiglech. De Rescht Ënnerstëtzung misst jo awer da vun anerwäerts kommen, a genee dat géif lues a lues problematesch ginn, mierkt de Jean Asselborn: Wat mir allerdéngs elo gesinn an de leschten Deeg, dat ass, dass vill Leit, déi privat ënnerbruecht waren, vläicht eng kuerz Zäit, wou se feststellen, dass vläicht awer net sou gutt geet, da bei eis kommen hei an de Primo accueil. Mir maachen dat jo och. Mä dofir ass et immens schwéier, d’Zuel ze wësse vun de Leit, déi riskéieren op Lëtzebuerg ze kommen, awer och d’Zuel vun deenen, déi wëllen hei bleiwen an déi d’Protection temporaire froen.
Et géif ee versichen, de Leit dat Beschtméiglechst ze bidden, an effektiv: dat gesäit een esouwuel an der SHUK wéi an där neier Hal. Et sinn trotz allem ronn 10 Better pro Zelt, an eben enger Ausstellungshal, ouni Fënstere mat Vue an ouni stänneg frësch Loft. Kee Verglach mat enger Kummer bei private Leit... Ëmsou méi wichteg den Opruff, lues ze maachen, mat Flüchtlingen heihinner bréngen.
Nieft dem Kierchbierg hätt een nach 17 aner Plaze vum Primo accueil: Hoteller, Jugendherbergen... da géif dezentraliséiert ginn, wat gutt wier, mä da bräicht een och ëmmer méi Personal. E point de Chute, dee grouss genuch ass, sou nennt de Minister dat, net onbedéngt missen op 30 Plaze sinn, well dat alles verkomplizéiert.
Police, Iwwersetzer, Leit, déi d’Dossieren opmaachen, Dokteren an och psychologesch Betreiung wiere wichteg. Carrement een Drëttel Kanner wieren hei. Gesicht ginn dofir Veräiner an Associatiounen, fir Aktivitéite mat hinnen ze maachen. Dat géif wierklech gebraucht ginn.
Ob ee sech als Grand-Duché eng Limite gesat hätt, vu Mënschen, déi ee kéint ophuelen? Oder ob d’EU-Memberstaate sech op eppes gëeenegt hätten? Op dës Froe géif et den Ament wierklech keng Äntwert ginn, seet de Minister Jean Asselborn.
