De Virage ambulatoire, d'Kompetenzreseauen an eng festgeluechten Maximal-Zuel u Better si grouss Elementer aus dem Spidolsplang, deen e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber zum Vott steet. En Text, mat deem d'Patienten an och d'Spideeler Garantië kriten a mat deem Kompetenze kéinte gebündelt ginn, esou d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.
D'Gesetz krut e Joer Verspéidung, ënnert anerem waren d'Verhandlunge mat den Doktere schwiereg, d'Gesondheetsministesch seet, se wieren interessant gewiescht. Ënnert anerem war d'Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere Stuerm gelaf géint déi geplangte Conférence nationale ses conseils médicaux. Dës gouf aus dem Text eraus geholl, hir wier do keen Zack aus der Kroun gefall, esou d'Lydia Mutsch.
RTL NEWS: Gëtt den neie Spidolsplang e Mëttwoch gestëmmt?Et ass e stabilt Kadergesetz, wat den aktuelle medezineschen Acquise Rechnung dréit a mat deem d'Spideeler op d'Zukunft preparéiert ginn, fënnt d'Lydia Mutsch a léisst Kritiken also net gëllen, datt dat hei en Text vu gëschter wier.
D'Lydia Mutsch wäert am Oktober fir d'LSAP am Süde mat an d'Wahle goen. D'Ministesch wier gären och Member vun enger nächster Regierung, seet si, fir iwwer Posten ze spekuléiere wier et awer elo definitiv ze fréi. Lo géing et mol drëms, datt si zesumme mat hirer Partei misst derfir suergen, datt déi déi un der LSAP zweiwelen nees un si gleewen.
Invitée e Mëttwoch de Moie kuerz no 8 Auer am Studio vu Radio Lëtzebuerg war d'Gesondheetsministesch.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren