Urbanismus an der Stad"Mäi Quartier - Meng Plaz": E Summer-Projet fir méi gréng a méi convivial Stater Quartieren

Monique Kater
Vun elo un a bis den hallwe September leeft a véier Stater Quartieren eng Zort Experiment, deem seng Conclusiounen an d'Stadentwécklung an an d'Neigestaltung vu Plazen a Stroosse sollen afléissen.
Urbanismus an der Stad
"Mäi Quartier - Meng Plaz": E Summer-Projet fir méi gréng a méi convivial Stater Quartieren

Plazen, iwwer déi de Verkéier leeft oder déi einfach zoubetonéiert sinn, ginn iwwert de Summer a sougenannt "Tiers Lieux" verwandelt, wou Leit sech einfach treffen oder eppes zesummen ënnerhuele kënnen. Dës Woch gouf de Projet lancéiert.

Den Nico Meyrer freet sech iwwer dës Initiativ vun der Gemeng a wier frou, wann aus deem Provisoreschen, eppes Definitives géif entstoen. "Jo, mir ware mat agebonnen, och wann net all eis Iddien zréckbehale goufen, an och wann et dat hei 2022 schonn emol gouf", seet de Chef vum Intresseveräin. Deemools hat den zoustännege Schäffen an aktuellen Ëmweltminister Serge Wilmes sech heifir agesat. D'Reamenagement vun der Place de France wier scho laang en Thema, mee hinnen dofir net manner wichteg, och wann deen Ament eng ganz Rei Parkplaze verluer ginn.

Experiment um Belair an Cents, zu Bouneweg an Zéisseng

De Belair ass ee vu véier Quartieren, déi de Schäfferot sech fir dës Initiativ erausgesicht huet. En Experiment, dat ouni d'Awunner awer net funktionéiert, weess d'Martine Nicolay, si ass bei der VDL Responsabel fir d'Initiativ "Mäi Quartier – Meng Plaz". Well eleng mam Kiosk op der Place de France, wou ee mëttes an owes bis 10 Auer eppes Klenges z'iesse kritt, ass et net gedoen. D'Associatioune goufe gefrot, matzeschaffen an organiséiere ganz verschidden Aktivitéiten. D'Gemeng hëlleft mat der Infrastruktur.

D'Offer un Aktivitéiten ass dem respektive Quartier ugepasst. Zu Bouneweg virun der Kierch ass zum Beispill Interactions am Asaz, d'Cinemathèque weist Filmer an de 14. August owes ginn et Kopfhörer fir ofzefetzen – Silent Disco heescht dat.

Sécher net silent an och net am Sëtze wäert en ireschen Danzowend, den 31. Juli, zu Zéisseng sinn. Den Interesseveräin an d'Archive vun der Stad proposéieren eng Visite guidée doriwwer, wéi et fréier war. Op den Affichen op der Place de Roedgen, direkt nieft dem Zéissenger Park, stinn d'Detailer, grad wéi um Site vun der VDL.

Et géif een als Stad an als Quartier mat den Interesseveräiner zesummeschaffen, sou d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Et wiere jo d'Awunner, déi esou e Projet wéi deen hei missten unhuelen, also sech hei treffen, an heihinner komme fir Aktivitéiten ze maachen. Déi véier Quartieren hätt een op Grond vun de Conclusiounen aus den Aperi’Tours erausgesicht; se géife prioritär an Ugrëff geholl. D'Erfarungen aus dësem Summerprojet géifen an d'Pläng fir d’Ëmgestaltung vun de véier Quartieren afléissen.

Geplangten Neigestaltung vun der Place de France an engem bis zwee Joer

Net all, mee eng Partie vun den Demandë goufen eescht geholl, sou d'Interesseveräiner. Mee - an do ass d'Lydie Polfer formell - d'Neigestaltung vun der Place de France kéim, an dat an engem bis zwee Joer.

Nei an dëser Neigestaltungsiddi ass, dass d'Begréngungskonzept mat afléisse wäert – d'Markéierungen um Buedem sti fir deen Deel vun der Plaz, wou dee ganze Bëtong kann ewech an d'Beem ouni Bac aus Plastik an de Buedem kënne kommen, präziséiert d'Lydie Polfer.

D’gréng Plaz um Cents soll fir jiddereen accessibel bleiwen

D'Reamenagementer géinge mam Accord vun de Geschäftsleit ronderëm realiséiert. Um Cents, dem véierte Site vum Projet "Mäi Quartier – Meng Plaz", gëtt et där keng. D'Centser wëllen, dass d'Areal nieft de Schrebergäert, der Citée jardinière, fir jiddereen accessibel bleift – ouni zougespaarte Paart an engem Exklusivrecht fir Gaart an Heem, déi nach Parzelle solle bäikréien. Och hei op der Wiss ginn elo bis den hallwe September Aktivitéiten ugebueden, allerdéngs ouni Kiosk oder Food Truck, bedaueren d'Awunner, déi awer, grad ewéi d'Politik, d'Potential vun esou enger Plaz ouni Bëtong an engem Quartier erkannt hunn.

Back to Top
CIM LOGO