
D’Visitt gouf op Demande vun déi gréng fir d’Membere vun der parlamentarescher Kommissioun fir bannenzeg Affären organiséiert. Am September zejoert ass aus der SHUK, der Structure d’hébergement d’urgence au Kirchberg, déi sougenannt Maison de retour ginn. Hei ginn Asyldemandeuren opgeholl, deenen hir Demande ofgeleent gouf. Ausser dem Numm hätt sech awer un der Struktur näischt geännert, kritiséiert de Meris Sehovic.
“Et ass ëmmer nach eng grouss kal Hal mat engem Bëtongsbuedem an an där Hal si ganz vill Zelter installéiert, mat sou Feldbetter pro Zelt. Menger Meenung no sinn dat dote keng gutt Konditiounen, fir Famillen ze accueilléieren a ganz sécher net fir kleng Kanner, an et ass esou, dass am Moment do virun allem ganz kleng Kanner am Alter tëschent null a fënnef Joer sinn. Déi mussen do zum Beispill iwwer dee Bëtongsbuedem krabbelen, wat menger Meenung no net adaptéiert ass fir d’Besoine vun engem klenge Kand.”
Aktuell si ronn 60 vun am ganzen 170 Better an der Maison de retour beluecht. Gutt zwee Drëttel dovunner wiere weiderhin elengstoend Männer, déi an der Dublin-Prozedur sinn, preziséiert de gréngen Deputéierten.