Ukrainesch Flüchtlingen zu LëtzebuergMamm mat zwee Kanner fënnt en Daach iwwert dem Kapp zu Izeg

Tim Morizet
Eng Mamm mat zwee Kanner ass aus der Ukrain op Lëtzebuerg geflücht. De Papp ass an der Ukrain bliwwen, fir géint d'Russen ze kämpfen.
Flüchtlingsfamill zu Lëtzebuerg
Wärend de Papp an der Ukrain géint d’Russe kämpft, konnt eng Mamm mat hiren 2 Meedercher zu Izeg ënnerkommen. Mir ware si besichen.

Zanter Ugangs der Woch sinn et all Dag Dosende Refugiéen, déi aus dem ukrainesche Krichsgebitt zu Lëtzebuerg ukommen. Den Tim Morizet huet eng Famill getraff, déi schonns ukomm ass.

D’Famill vun Irpin, déi bei Kiew gelieft huet, huet bei Kolleegen zu Izeg en Daach iwwert dem Kapp fonnt. Datt d’Famill hei ass, huet se enger motivéierter Initiativ vun hire Bekannten ze verdanken.

De Julien Doussot war mat senger Fra Tetiana 5 Deeg mam Bus ënnerwee, fir Flüchtlinge sichen ze goen. Ech mengen, d‘Attack war donneschdes a mir hunn eis freides decidéiert, wëllen dorower ze fueren an hunn ugefaangen, eis ze organiséieren. Ugangs sollt et mam Minibus sinn, duerno war et e ganze Bus an e puer Leit méi, déi mer matbruecht hunn, mä d’Decisioun war ganz séier geholl.

Richteg freeën iwwert hiert Gléck kënne se sech awer net. D’Famill vum Alona, Daniela a Milana huet hiert Doheem zu Irpin um 5 Auer moies misse verloossen. Mir wieren am léifsten Doheem. Mir probéieren eis ze adaptéieren, mä dat ass schwéier: Mir hunn eist Doheem misse stënterlech verloossen. Meng Elteren a mäi Mann sinn nach dohannen. Mäi Mann kämpft géint d’Russen. Mir wëlle just Heem an e Liewen ewéi virum Krich.

Dem Alona hire Mann, dem Daniela a Milana hire Papp, ass nach zu Irpin a kämpft grad géint d‘Russen, wärend dausende Fraen a Kanner probéieren, ze flüchten. Per Telefon kann hie sech bei senger Famille mellen a Bescheed ginn, datt hien nach lieft. Mir hunn eist Haus um 5 Auer moies misse verloossen. Eis Stad war bemol ënner Attack. Mir hate mol keng Zäit, ze iwwerleeën. Mäi Mann huet d’Decisioun geholl, fir ze goen. Mir hunn e puer wichteg Saache gepaakt. Hien ass schlussendlech do bliwwen, fir ze kämpfen. Mir hate keng Zäit, ze iwwerleeën, wou mer sollten higoen. Mir sinn einfach gaangen. Einfach Richtung Westen.“

© RTL

Obwuel d’Famill konstant a Kontakt mat Famill a Kolleegen aus der Heemescht ass a beréit, wéi a wéini ee vläicht kéint zeréckkommen, stellt sech d‘Regierung dorop an, datt an den nächsten Deeg a Woche weider Gruppen aus dem Osten zu Lëtzebuerg ukommen, erkläert d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen. Et kommen den Ament esou vill Leit un. Wann da Leit enzwousch ënner Dach kommen, da muss dat sécher sinn, datt se do och eng Zäit kënne bleiwen. Soss musse mir och duebel Paperasse maachen.

D’Initiative vum Public sëlwer, Logementer zur Verfügung ze stellen gëtt begréisst, esou d’Ministesch. Ma et misst ee sech bewosst sinn, zu wat ee “Jo” seet. Et ass en Engagement “à moyen et long terme”. Et ass net fir eng oder zwou Nuechten. Et muss een och wëssen, datt een näischt dofir kritt, wann een en Zëmmer oder eng Wunneng zur Verfügung stellt. Dat mécht ee wierklech benevole.

Erkläert ee sech offiziell iwwert de Ministère bereet, fir Logement ze sponseren, muss ee sech op d’mannst fir 3 Méint engagéieren. Och wann d’Logementsfro fir eng Rëtsch Leit gekläert ass, bleiwe vill anerer opstoen, wéi d’Alona weess. Ech denke vill u meng Kanner. Wéi geet et mat hirer Schoul virun. Si brauchen Aktivitéiten, se mussen zeréck an d‘Schoul. Ech denken och iwwert d’Schaffegoen no, ech wëll kënne bäidroen a fir meng Kanner opkommen, Déi gréisste Fro ass awer: wéini kënne mir Heem?

Froen, déi Schrëtt fir Schrëtt déi nächst Deeg a Wochen opgeschafft solle ginn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO