
Virun engem Hotel an der rue Notre-Dame louchen effektiv Schierbelen um Trottoir ënnert enger oppener Fënster. D'Police huet déi Plaz direkt ofgeséchert.
De verdächtege Mann hat den Hotel verlooss a koum, wéi d'Police do war, nees a Richtung Hotel getrëppelt. E wier ganz duercherneen an och aggressiv gewiescht. De Mann wier an engem "psycheschen Ausnamezoustand" gewiescht an huet misse medezinesch am Spidol ënnersicht ginn. De Parquet gouf informéiert.
Diddeleng - Alkoholiséierte Chauffeur am Auto um Busarrêt ageschlof
Kuerz no Hallefnuecht en Donneschdeg ass ee Chauffeur zu Diddeleng wéinst engem verdächtege Fuerstil opgefall. Et huet ausgesi, wéi wann ze vill Alkohol am Spill wier. D'Police huet d'Gefier kuerz drop op engem Busarrêt an der rue de la Libération fonnt.
De Chauffer huet déif a fest geschlof an en ass just ganz schwéier waakreg ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Chauffeur duerf elo net méi fueren. Et gouf och eng Plainte gemaach.