Sichaktioun vun der PoliceMann hat an der Däischtert de Wee aus dem Bësch net méi erausfonnt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend um 21 Auer gouf d'Police iwwert eng vermësste Persoun an engem Bësch zu Rodange informéiert.
© RTL Archiv

Direkt nodeems dës Informatioun bei der Police erakomm ass, gouf eng grouss ugeluechte Sichaktioun mat e puer Ekippen u Polizisten, de Pompjeeë vu Péiteng, enger Hondsstaffel vun der Police, dem CGDIS, der Croix-Rouge an engem Helikopter vun der Police lancéiert.

Relativ séier konnt d'Ekipp am Helikopter déi vermësste Persoun am Bësch lokaliséieren an d'Ekippen um Buedem goufe bei d'Plaz navigéiert. Dem Mann, dee sech verlaf hat an am Däischteren net méi aus dem Bësch erauskomm, goung et gutt. Hie gouf vun de Pompjeeë versuergt a konnt kuerz drop heem goen.

Back to Top
CIM LOGO