
D’Beamte kruten eng 30 Fäll vu Streidereien a Stéierunge vun der Nuetsrou gemellt. An de meeschte Fäll hate sech d’Situatioun beim Antreffe vun der Police schonn nees berouegt, respektiv d’Probleemer konnten op der Plaz gekläert ginn.
Wéi et vun der Police heescht, wier eng Policepatrull op e Mann opmierksam ginn, deen op der Place Wallis an der Stad een anere Mann mam Kolli geholl hat. De staark alkoholiséierte Mann konnt vun der Police immobiliséiert an op d’Kommissariat bruecht ginn. Hei huet de Mann sech aggressiv verhalen, huet gejaut an d’Beamte beleidegt. Wéinst sengem Zoustand ass de Mann no enger medezinescher Kontroll an den Arrest komm.
Onéierlecher um Samschdeg ënnerwee
Géint 10 Auer krut d’Police en Déifstall an engem Geschäft an der Grand-Rue an der Stad gemellt. Hei hat eng Persoun Schong geklaut a war geflücht. D’Police huet de presuméierten Täter kuerz drop fonnt. D’Schong sinn zeréck un de richtege Besëtzer gaangen an e Protokoll gouf geschriwwen.
Da gouf nach engem Supermarché an der Industriezon Wolser zu Beetebuerg geklaut. Och hei war den Täter geflücht. D’Police konnt hien awer lokaliséieren an huet déi geklauten Objete bei him fonnt. Och hei gouf et e Protokoll.