
E Messer wier do am Spill gewiescht. Wéi et heescht, gouf d’Fra vun hirem Mann domat blesséiert. De Mann wier dono geflücht a gouf vun der Police gesicht. Hie konnt kuerz drop gestallt ginn.
De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. D’Affer koum fir eng Behandlung an d’Spidol. Wéi d’Police präziséiert, besteet fir d’Fra awer keng Liewensgefor.