Wie kennt dës Persoun?Mann huet zu Lëtzebuerg an an der Belsch mat geklauter Kreditkaart bezuelt

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no engem Mann, deen am November zejoert mat enger geklauter Kreditkaart op der Aire de Capellen (L) an der Aire de Wanlin (B) bezuelt huet.
© Police

Méi genee soll de Mann op de Fotoen den 10. November 2023 tëscht 2.43 Auer an 3.46 Auer op der Aire de Capellen zu Lëtzebuerg an op der Aire de Wanlin an der Belsch divers Saache mat enger Kreditkaart bezuelt hunn, déi virdru geklaut gouf.

Leit, déi déi gesicht Persoun kennen oder Hiweiser zu hir hunn, solle sech beim Kommissariat Réimech/Munneref per Mail op police.REMICHMONDORF@police.etat.lu oder per Telefon ënnert der Nummer 244 77 1000 mellen.

Back to Top
CIM LOGO