
En Donneschdeg waren d’Pompjeeë géint 13 Auer op Wuermer an d’Bourgaass geruff ginn, well eng Gasexplosioun gemellt gouf. Op der Plaz hunn d’Rettungsdéngschter e Brand an engem Appartementshaus festgestallt.
E Mann gouf beim Feier schwéier blesséiert a koum doropshin an d’Spidol. Wéi d’Police schreift, ass de Mann am Laf vum Owend am Spidol u senge Blessure gestuerwen. De Parquet huet eng Obduktioun vum Verstuerwenen ugefrot.
Fir déi genee Ursaach vum Brand erauszefannen, an ob et wierklech eng Gasexplosioun gouf, gouf d’Police technique mat den Ermëttlunge beoptraagt.