Pompjeesasaz zu WuermerEng Persoun gouf bei Brand, respektiv Explosioun, schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg kuerz no 13 Auer goufen d'Pompjeeën op Wuermer geruff, well eng Gasexplosioun gemellt gouf.
© Domingos Oliveira

Ob et sech wierklech ëm eng Gasexplosioun gehandelt huet, muss d’Enquête ermëttelen. Nieft de Pompjeeë vu Wuermer, Kanech, Fluessweiler, Mäertert a Réimech gouf ënnert anerem och de Rettungshelikopter op d’Plaz geruff.

Wéi d’Police bestätegt, gouf eng Persoun méi schwéier verwonnt.

Nieft der Bourgaas selwer sinn waren och d’Rue Principale an d’Rue de Dreiborn fir länger Zäit fir den Trafic gespaart.

Zu Kielen hat ëm déi selwecht Zäit an enger Scheier gebrannt, dat an der rue Brameschhof. Hei blouf et beim Materialschued. D’Pompjeeë vu Kielen, Koplescht, Mamer an aus der Stad waren am Asaz.

Um Houwald an der Allee Drosbach huet sech géint 13.40 Auer en Auto iwwerschloen. Eng Persoun gouf hei verwonnt. Eng Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vum Houwald waren op d’Plaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO