
D'Police war en Dënschdeg géint 10 Auer wéinst enger Kläpperei an d'Rue de l'Église zu Uewerkäerjeng geruff ginn. Hei waren zwee Männer unenee geroden. Wärend dem Sträit huet ee vun de Männer du mat engem Stéck Holz op deen aneren ageschloen. Dëse gouf dobäi um Schinnebee blesséiert a koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Deen anere koum mat op de Policebüro.
D'Police mellt dann nach en Asaz wéinst engem Déifstall op der Place du Théâtre an der Stad en Dënschdeg. Hei haten Zeie gesinn, wéi den Déif eng Posch, fir ëmzehänken, aus engem geparkte Liwwerwon geklaut hunn. D'Leit, déi d'Dot gesinn hunn, hunn doropshin de Chauffer informéiert. Dësen huet den Täter konfrontéiert an d'Police geruff. D'Posch konnt dem Besëtzer zréckgi ginn an och an dësem Fall koum den Täter op de Policebüro.
En Dënschdeg den Owend géint 21 Auer waren iwwerdeem nach Beamten op en Auto an der Route de Luxembourg zu Beetebuerg opmierksam ginn, deen um Trottoir hannert engem Busarrêt geparkt hat. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat, wat och mat engem Alkoholtest confirméiert gouf. Donieft hat den Automobilist keng gülteg Pabeiere fir den Auto. De Permis gouf agezunn.