Bistum zefriddenManner Leit aus der Kierch ausgetrueden, mä och manner Persoune gedeeft

Roy Grotz
De Bistum huet de Bilan vum Joer 2025 gezunn.
© AFP

No engem Defizit vun iwwer 5 Millioune schléisst den Äerzbistum seng Konten zejoert mat engem Boni vun 2,4 Milliounen of, dëst wéinst virun allem Verkeef vu Bauterrainen an engem substantiellen Don, deen d'Kierch krut. Déi global Bilanszomme vun der Lëtzebuerger Kierch, déi eng 230 Salarié'en zielt, chiffréiert sech op eng 180 Millioune bei 28 Millioune Scholden.

Dëst geet aus dem Joresrapport vum Äerzbistum ervir, wou Een och liese kann, datt mat engen 1.600 Kommuniounen dës Zuel stabel bleift iwwerdeem mat knapp 1.400 Dafen, ëmmer manner Kanner gedeeft ginn (2022 waren et der nach knapp 2.000).

Zejoert goufen 760 Leit gefirmt, ee Chiffer, deen iwwert d'Joren zouhëlt, iwwerdeem dee vun den Begriefnesser mat 2.100 Trauergottesdéngschter stabel bleift.

Iwwerdeem virun 4 Joer nach knapp 300 Leit aus der Kierch ausgetruede sinn, waren dat zejoert eng 210 Persounen.

Aktuell zielt d'Kierch 150 Geeschtlech, wouvunner eng 70 Prozent nach hir Pai ënnert dem Regime vun virun der Trennung tëscht de Kierchen an dem Staat kréien. Dëst sinn 16 Paschtéier manner wéi nach 2024.

Markant Evenementer am Kierchejoer waren natierlech den Trounwiessel, d'Pilgere bei d'Muttergottes wärend der Oktav, den Doud vum laangjäregen Generalvikar Mathias Schiltz, mä och d'Daf vun 44 Erwuessenen an der Ouschternuecht.

Back to Top
CIM LOGO