Police sicht no ZeienMann soll Persoun op Dammentoilette am Belval Plaza gefilmt hunn

RTL Lëtzebuerg
Den 29. Oktober dat lescht Joer koum et zu engem Tëschefall am Akafszenter um Belval.

Wéi d’Police elo an engem Schreiwes matdeelt, soll e Mann op d’Dammentoilette gaange sinn an do eng Persoun gefilmt hunn. Passéiert wier dat Ganzt tëscht 14.50 a 15.14 Auer den 29. Oktober. Elo sicht d’Police mat Hëllef vun enger Foto nom méiglechen Täter.

All d’Informatioune wiere fir d’Police vun Esch op der Nummer (+352) 244 50 1000 oder per E-Mail op Police.ESCH@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO