Koum an d'AusniichterungszellMann urinéiert widder eng Fassad an attackéiert duerno Polizisten

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend haten d'Beamte vun der Police et mat engem Mann ze dinn, dee sech alles anescht ewéi kooperativ gewisen huet.

Géint 22.30 Auer war enger Patrull e Mann opgefall, deen an der Rue du Fort Wedell an der Stad géint eng Fassad urinéiert huet. Wéi d’Beamten hien doropshin ugeschwat hunn, huet hie si beleidegt. Well de Mann alkoholiséiert war an an d’Strooss getrollt ass, hunn d’Beamten decidéiert, hien an eng Ausniichterungszell ze bréngen. Wéi de Mann sech géint dës Mesure wollt wieren, huet hie sech liicht blesséiert.

Doropshi sollt hie vun engem Dokter ënnersicht ginn. Ma och dat wollt de Mann net mat sech maache loossen an huet kuerzerhand den Dokter beleidegt. Wéi d’Beamten hien duerno an der Arrestzell ënnerbrénge wollten huet hie sech op en Neits hefteg gewiert. Hien huet d’Poliziste beleidegt a si attackéiert. Hien huet ee vun de Beamten an d’Gesiicht geboxt an een anere liicht um Hals blesséiert.

Iwwerdeems war enger anerer Patrull vun der Police an der Nuecht op e Freideg op der Héicht vun der Stater Place de la Gare en Auto opgefall. Dat well dësem säi Chauffer net weidergefuer war, wéi d’Luucht op Gréng gewiesselt ass. Wéi d’Beamten de Chauffer doropshi kontrolléiere wollten, hu si festgestallt, dass dësen hannert dem Steier ageschlof war. Den Alkoholtest war positiv an de Mann krut e Fuerverbuet.

Am Verlaf vun der Kontroll huet sech ausserdeem rausgestallt, dass de Mann e Führerschäin aus engem Net-EU-Land hat. Esou e Fürerschäi muss bannent engem Joer an e lëtzebuergesche Fürerschäin ëmgeschriwwe ginn. Dat hat de Mann allerdéngs net gemaach. Op Uerder vum Parquet gouf eng Plainte géint de Mann gemaach a säin Auto gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO