
Zanter enger Zäit wier hien ëmmer nees an een Appartementshaus am Garer Quartier gaangen an hätt seng fréier Nopesch do belästegt. Am Kader vun enger grouss ugeluechter Sich konnt de Verdächtegen dunn awer vun enger Policepatrull fonnt ginn. De Parquet huet seng Festnam ordonéiert an e gouf e Freideg de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.