
Am Kader vum Weltdag ouni Tubak den 31. Mee huet d'Santé zesumme mat der Fondation Cancer déi neisten Zuelen iwwer d'Fëmmverhalen zu Lëtzebuerg verëffentlecht.
Fëmmen ass a bleift e geféierleche Begleeder am Alldag an trotz héije Käschten an dem Wëssen ëm d'gesondheetlech Schied, déi d'Zigaretten a Vapes mat sech bréngen, geet d'Prevalenz vu Leit, déi reegelméisseg fëmmen, op 16 Prozent erop. Bei de Leit, déi soen, datt se nëmmen heiansdo fëmmen, ass et eng Hausse vun 8 op 15 Prozent. Alles an allem consomméiert een Drëttel vun der Populatioun iwwer 16 Joer reegelméisseg oder heiansdo Tubak an Nikotin.
Besonnesch d'Vapen an d'Nikotin-Säckelcher ginn ëmmer méi beléift, virun allem bei deene Jonken. D'Enquête géif och weisen, datt déi Jonk ëmmer méi fréi ufänke mat fëmmen, dacks scho virum 18. Gebuertsdag. Am Verglach mam Joer 2024 ass besonnesch d'Zuel vun den onreegelméissege Fëmmerten an d'Luucht gaangen.
Wat den Undeel vun de Fëmmerten ugeet, sinn d'Alterskategorie vun de 16-24 Joer ale Leit (41 Prozent), an déi vu 25-34 Joer (42 Prozent) am Stäerkste vertrueden. Et ass an der Alterstranche tëscht 16 bis 24 Joer, wou d'Chiffren aus der neister nationaler Fëmm-Enquête vun ILRES erféieren: sou soe 16 Prozent, datt si all Dag Zigarette fëmmen, 7 Prozent, datt si all Dag zu Nikotin-Säckelcher gräifen, an och 7 Prozent, datt si all Dag E-Zigarette raachen. Genee dës Zort vun Zigarette stellen der Kriibs-Fondatioun dann och d'Entréesdier fir den Tubakskonsum duer: 38 Prozent vun de Jonken soen, datt se mat de Vapes ugefaangen hunn, fir duerno op d'Zigaretten ëmzeklammen, iwwerdeem all Fënnefte vun de gefrote Jonke sot, datt nom Vapen säin Zigaretten-Konsum an d'Luucht gaange wier.

Wat d'Grënn ugeet, firwat d'Leit fëmmen, gëtt am heefegste gesot, et géif "cool" ausgesinn ze fëmmen (34 Prozent). 32 Prozent fëmmen, wa si mat Frënn feieren, an 22 Prozent vun de Leit fëmmen aus Stress. Opfälleg bei dëser leschter Statistik ass, datt ënnert de 16 bis 24 Joer ale Leit ganzer 39 Prozent uginn hunn, aus Stress ze fëmmen.
Lëtzebuerg läit mat senger Fëmm-Prevalenz vu 16 Prozent um quasi selwechten Niveau, wéi dat an Däitschland oder der Belsch de Fall ass, iwwerdeem se a Frankräich mat bal 24 Prozent awer e gudde Krack méi héich ass. 36 Prozent vun de Fëmmerten hunn iwwerdeems an de leschten 12 Méint probéiert opzehalen, an 43 Prozent hu Geshondheetsbedenken als Grond uginn. D'Kriibs-Fondatioun seet duerfir, datt eng professionell Begleedung d'Chancen, definitiv vum Tubak lasszekommen, e gutt Stéck méi grouss mécht. E wichtege Site an deem Sënn ass de maviesanstabac.lu
D'Resultater vun der Enquête iwwert den Tubak aus dem leschte Joer fannt Dir hei.