
Den Marc Lauer vum Groupe Foyer ersetzt op deem Posten de Christian Strasser, deen ee vun den 3 Vize-Presidente gëtt, dat nieft dem Marie-Héléne Massard an dem Christian Gibot.
Alles an allem zielt den ACA-Verwaltungsrot net méi 15, mä 18 Memberen, dëst gouf op der Generalversammlung e Mëttwoch decidéiert.
Bei där Geleeënheet gouf aktéiert, datt zejoert e Joer vun de Rekorde war, dat mat engen 40 Milliarden Euro u Primmen.
Fir de Marc Lauer ass d'Presidence vun der ACA keen onbekannten Terrain, well hien dëse Posten ewell 2 Mol bekleet huet.
D'ACA gouf 1956 gegrënnt, fir d'Interesse vum Assurancësecteur hei am Land ze verdeedegen - d'Vereenegung zielt aktuell eng 140 Membergesellschaften.