Nawell presséiertMat 150 km/h tëscht Nidderfeelen an Heischent gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien huet en Automobilist säi Fürerschäi mussen ofginn, well en op der Landstrooss vill ze séier ënnerwee war.
© Mathieu Thomasset / Hans Lucas via AFP

Am Kader vun enger Verkéierskontroll ass de Polizisten de presséierte Chauffer opgefall, deen d’Streck tëscht Nidderfeelen an Heischent wuel mat enger fräier Autobunn an Däitschland verwiesselt huet. Hei sinn 90 Stonnekilometer erlaabt. Den Automobilist war awer mat 150 km/h ënnerwee an huet dowéinst dann och musse säi Fürerschäin ofginn.

An der Nuecht op en Dënschdeg krut d’Police dann och eng Automobilistin gemellt, déi géif an der Baaschtnecher Strooss zu Ettelbréck probéieren hiren Auto unzekréien, dat awer ouni Succès. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO