Komplett iwwerluedenMat 6,7 Tonne Charge iwwer d'Areler A6

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moien ass enger Policepatrull eng Camionnette opgefall, déi mat engem Platten op der Areler A6, Héicht Bartreng, ënnerwee war.
© Police

De Chauffer vum Gefier gouf gestoppt. Bei der Kontroll hunn d’Beamte festgestallt, dass d’Camionnette komplett iwwerluede war an du gouf méi genee nogekuckt. Déi weider Iwwerpréiwungen hunn erginn, dass 6,7 Tonne Charge am Won geluede waren, duebel esou vill wéi erlaabt. De Chauffer krut e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO