EttelbréckMat Eisestaang Autoe beschiedegt - Mann stoung ënner Drogenafloss

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg gouf e Mann gemellt, deen an der Rue Prince Henri zu Ettelbréck mat engem Géigestand géif Autoe beschiedegen.

Et war een dovunner ausgaangen, dass de Mann alkoholiséiert wier.

Eng Policepatrull ass op d’Plaz gefuer a konnt do och e Mann bei engem Buttek untreffen, där hir Glasdier dann och beschiedegt war. De Mann hat eng Eisestaang bei sech an et goufen däitlech Zeechen, dass en ënner Drogenafloss stoung. Et goufen dann och Droge fonnt, wéi de Mann duerchsicht gouf.

De Mann gouf protokolléiert, wéi am Bulletin vun der Police ze liesen ass.

Back to Top
CIM LOGO