En Dag an der NaturMat Fräizäitaktivitéite fir den Naturschutz begeeschteren

RTL Lëtzebuerg
Vun Abrëll bis August leeft erëm d‘Campagne "En Dag an der Natur" vun Natur&Ëmwelt.
© Natur an Ëmwelt

Dat sinn eng 350 Aktivitéiten, fir en Dag dobaussen an der Natur ze verbréngen. Hannergrond ass u sech awer e ganz eeschten.
An zwar den Naturschutz. Dorobber huet jo zwar all Eenzelen en Afloss, ma dofir brauch een awer déi richteg Motivatioun. Dofir wëllen déi Responsabel vun Natur&Ëmwelt de Leit d‘Natur méi no bréngen, wéi hir Porte-Parole Sabrina Schaul erkläert.

„Ganz nom Motto: D’Leit kënne just dat schützen, wat se och kennen. Dat heescht, fir hinnen einfach ze weisen, wéi wichteg et ass, eis Natur an eis Ëmwelt ze respektéieren an ze schützen, awer net nëmme mat: Et ass wichteg se ze schützen, mee mat konkreten Aktivitéiten, wou d’Leit vläicht einfach méi einfach dat novollzéie kënnen.“

En Dag an der Natur/Reportage Maxime Gillen

Dobäi setzen d’Organisateuren op ganz verschidden Interessen.

“Et ass wierklech eng grouss Auswiel vu Vëlostier, Trëppeltier, Yoga an der Natur. An dann ass zum Beispill och d’City Nature Challenge, do ass den Naturmusée den Haaptorganisateur. Dat ass tëschent dem 26. Abrëll an dem 29. Abrëll an do ka jiddweree vun doheem aus am Fong matmaachen. Et geet drëms, mat enger App all d’Planzen an Déieren ze scannen an ze bestëmmen an do am Fong e Rekord ze briechen, fir ze weisen, wat et alles an der Stad a ronderëm d’Stad u Liewewiese gëtt.”

Dëst ass schonn déi 27. Editioun vun dëser Campagne. Mat derbäi sinn eng 80 Partner-Organisateuren. Allgemeng kënnt dës Offer wuel ganz gutt un, esou dass ëmmer erëm nei Aktivitéiten derbäi kommen. De Succès vun der Offer hänkt awer net nëmmen dovun of, wéi interessant se ass.

“Et hänkt och ganz vill dovun of, wéini eng Aktivitéit stattfënnt. De Weekend ass natierlech vill méi lass. Dofir gi mir heiansdo de Leit de Rot, vläicht emol och eppes wärend der Woch oder wärend de Vakanzen ze organiséieren, well do d’Chance vläicht awer méi grouss ass, dass da méi Leit deelhuelen. Mee, unhand vun eisen Aktivitéiten, kënne mer awer soen, dass mer seelen eng mussen ofsoen. Dat heescht, dass déi awer gutt besicht sinn.”

Natur&Ëmwelt organiséiert och eng Rei Evenementer selwer. Dorënner de Laf fir d’Natur oder och d’Fest vun der Natur. Dat kritt dëst Joer e bëssen eng aner Nues, well et offiziell Deel vun der Fête de la Musique ass, also de ganze Weekend och Concerten organiséiert ginn. Iwwert dee Wee wëll een nach aner Leit fir de Schutz vun der Natur begeeschteren.

Back to Top
CIM LOGO