Et war eng penibel Aarbecht. Ugangs hunn d’Mineuren 12 Stonne pro Schicht ënnert dem Buedem geschafft. Am 20. Joerhonnert koum dunn d’Karbidsluucht a si huet den Aarbechter d’Liewen e gutt Stéck méi einfach gemaach. Allerdéngs hu si des vun hirem eegene Geld misse bezuelen.
Walert huet d’Galerie zu Rëmeleng geheescht. “Mausfal” gouf se genannt well se esou geféierlech war.
D’ganzt Joer iwwer gi Visitten duerch d’Geschicht vun dëser Minn organiséiert. Méi Informatioune fënnt een op: www.mnm.lu