Gewalt op der Stater GareMat Messer a Fläsch u Kläpperei bedeelegt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am spéide Moie gouf eng Kläpperei an engem Parkhaus an der Rue du Commerce op der Stater Gare gemellt.

Déi betraffe Leit schénge sech kannt ze hunn, wéi et am Policebulletin ze liesen ass. Bei der Kläpperei soll d’Affer mat enger Fläsch ugegraff, grad ewéi mat engem Messer menacéiert gi sinn.

D’Affer gouf no enger éischter Behandlung op der Plaz an d’Spidol bruecht.

Den Täter hätt e Sprangmesser an eng Pëtzzaang bei sech gehat, mellt d’Police. Well en alkoholiséiert war an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, huet en d’Nuecht am Arrest verbruecht.

Back to Top
CIM LOGO