D’Aarbecht um neie Covid-Gesetz leeft weider op Héichtouren. E Sonndeg haten de Premier an d’Santésministesch jo weider Annoncen gemaach, déi zanterhier hire legislative Wee ginn. E Mëttwoch de Moie louch den Avis vum Staatsrot vir, deen dann an der Mëttesstonn an der parlamentarescher Santéskommmissioun analyséiert gouf. Dësen Avis huet keng formell Oppositioun zeréckbehalen, mä just eenzel Text-Adaptatioune recommandéiert.
Et läit een also am Zäitplang, dass déi nei Reegelungen wuel vun e Samschdeg un kënne spillen.
An do gëtt sech da vun eenzelen Deputéierten e bësse méi Kloerheet erwaart, wéi den Ament. Virun allem wat d’Reegelung vun den maximal just nach 10 Leit ugeet, déi dann sollen däerfen ouni Distanz- a Maskeflicht beienee sinn. Hei gëtt et den Ament nämlech nach Interpretatiouns-Sputt, huet den Deputéierten Marc Baum (Déi Lénk) en Dënschdeg op Nofro hi kritiséiert.
Marc Baum:Den neien Artikel 4.1 fänkt domadder un, datt e seet, "Rassemblementer iwwer 10 Persoune si verbueden, interdit". An da kënnt an deem Passus iwwert den Horesca-Secteur, do gëtt doriwwer verwisen, mä Ausname sinn eben am Horesca-Secteur an Ausname sinn, wa Leit selwer zum Ménage gehéieren oder cohabitéieren. Dat bezitt sech awer reng legistesch op den Horesca-Secteur an net op dee Passus virdrun. Dat heescht, dat ass erëm mat ganz waarmer Nol gebitzt ginn a wat erauskomm ass, ass onkloer. A wéi gesot... d'Ministesch selwer huet gesot, dass et ganz schlecht formuléiert wier, deen dote Passus, dee mat eng vun deene gréissten Neierungen ass. Wou ee sech awer hätt kënnen denken, et sinn elo 3 Sätz déi bäikommen, do hätt ee sech awer vläicht kënne fir 5 Su Gedanke man.
Gedanke musse sech och gemaach ginn, op wéi enger Zäsitschinn dat neit Gesetz dann soll spillen. Bis Enn dëser Woch wier realistesch, mä och spéitstens Ufank nächter Woch wier méiglech, mengt de President vun der Santé-Kommissioun, de Mars Di Bartolomeo. Bis ewell soll den Text en Donneschdeg de Mëtteg an der Plenière gestëmmt ginn.
Mars di Bartolomeo:Mir hunn eigentlech dann nach Sputt, wann duerch iergendeng Ursaach et zu enger Verspéidung géif kommen, hu mer ëmmer nach freides, a mir hu samschdes, an an an ... allzeit bereit.
Wann de Projet dann en Donneschdeg gestëmmt gëtt, an et eng Dispens vum 2. Votte gëtt, trëtt dat Ganzt nach virum Weekend a Kraaft.