
Am Kader vun dësen Asätz hunn Enquêteure e gewalttätegen Déifstall observéiert, bei deem engem Affer eng Halskette vum Hals gerappt gouf. De presuméierten Täter konnt direkt nom Tëschefall festgeholl ginn, obwuel hie sech géint seng Festnam gewiert huet. Eng zweet Persoun, déi dobäi war, awer net aktiv bedeelegt war, gouf fir eng Identitéitskontroll op de Policebüro bruecht.
Am Ganze goufen de leschte Weekend 34 Persoune kontrolléiert. Siwe Persoune goufen op de Policebüro matgeholl.
D'Police wäert hir verstäerkt Presenz a geziilt Kontrollen an de betraffene Quartiere weiderféieren, fir dës Zort Kriminalitéit konsequent ze bekämpfen an d'Sécherheet vun der Bevëlkerung ze garantéieren, sou de Bulletin um Mëttwoch.