Trëtt viraussiichtlech 2027 a KraaftNei Reegele bei de Rechter vu Fluchpassagéier

Claudia Kollwelter
D'EU huet e Méindeg nei Reegelen zu de Rechter vu Fluchpassagéier ugeholl, déi viraussiichtlech d'nächst Joer a Kraaft trieden.
© Direction de la protection des consommateurs

Fir d'Konsumente gëllen dës Reegelen dann direkt a solle virun allem fir méi Transparenz a méi kloer Rechter suergen. D'Ministesch fir Konsumenteschutz Martine Hansen huet sech um Mëttwoch op enger Pressekonferenz zefridden iwwert d'Neierunge gewisen a vu wesentleche Verbesserunge geschwat.

D'Tariffer mussen an Zukunft méi transparent sinn an de Basispräis vun all Airline muss e perséinlechen Objet an en Handgepäck enthalen. Wien en Aller-Retour-Fluch gebucht huet, verléiert an Zukunft net méi automatesch de Retour, wann den Aller net ugetruede gouf. Och bei Korrespondenzflich gi Passagéier besser ofgeséchert. Generell sinn d'Airlinen dozou verflicht, hir Clienten ëmfaassend iwwer hir Rechter an hir Méiglechkeeten z'informéieren.

Och op de Fluchhäfe ginn et Ännerungen. Waasserfontäne sollen an der ganzer EU zum Standard ginn. Fir Persoune mat spezielle Besoinen ass virgesinn, datt eng Begleetpersoun ouni zousätzlech Käschten nieft hinne sëtze kann.

Am Fall vun Annulatiounen, Retarden oder anere Problemer mussen d'Airlinen aktiv no Léisunge sichen an Alternativen ubidden, fir d'Passagéier op hir Destinatioun ze bréngen. Wann d'Airline responsabel ass, muss eng Entschiedegung bannent 96 Deeg ausbezuelt ginn oder et kann alternativ e Voucher ugebuede ginn. Och bei Reservatiounsfeeler gëtt et eng Erliichterung: kleng Tippfeeler kënnen an Zukunft gratis korrigéiert ginn. Doriwwer eraus musse Passagéier bannent 96 Stonnen iwwer de Stand vun hirem Dossier informéiert ginn a Remboursementer solle bannent 30 Deeg ausbezuelt ginn.

Wann et zu engem Sträitfall kënnt, soll de Passagéier sech als éischt un d'Airline riichten an hir ronn 60 Deeg Zäit ginn, fir de Problem ze léisen. Bleift eng Äntwert aus, kann de Fall un den National Enforcement Body (NEB) weidergeleet ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt fir 2026 mat méi wéi dräi Millioune Passagéier gerechent an och d'Zuel vun de Plaintë wäert méiglecherweis op iwwer 900 klammen. Déi meescht Reklamatioune betreffen Annulatiounen, Retarden oder refuséiert Embarquementer, woubäi dëst Joer virun allem d'Annulatiounen am Vierdergrond stinn. D'Plaintë gi bei der NEB an der Reegel bannent dräi Méint traitéiert.

Eng rezent Ëmfro huet iwwerdeems gewisen, datt ronn een Drëttel vun de Passagéier hir Rechter net kennt an nëmmen d'Hallschent weess, datt si sech am Fall vun engem Problem als éischt un d'Airline musse wenden. Fir dat z'änneren, gëtt elo an der Vakanzen-Zäit verstäerkt op Informatiounscampagnë gesat, ënner anerem mat Affichagen am Tram, Videoen op den Ecranen um Fluchhafen, Informatiounsstänn, Flyeren a Roll-ups.

Back to Top
CIM LOGO