
Den éischten Informatiounen no koum et zu engem verbale Sträit tëscht zwou Persounen. Am Laf vum Sträit huet ee vun de Bedeelegten dem aneren Pefferspray an d'Gesiicht gesprëtzt. De presuméierten Täter konnt kuerz drop festgeholl ginn. De Pefferspray gouf saiséiert.
D'Affer gouf op der Plaz vun de Rettungsdéngschter versuergt an duerno fir weider Analysen an d'Spidol bruecht. Well d'Affer sech awer onkooperativ gewisen an eng Gefor fir sech selwer an aner Persoune duergestallt huet, gouf et an enger Arrestzell ënnerbruecht.
Géint 16:30 Auer gouf der Police e randaléierende Passagéier an engem Bus a Richtung Iechternach gemellt. Den éischten Informatiounen no huet de Mann am Bus gefëmmt. Eng Policepatrull konnt hie kuerz drop bei engem Busarrêt opgräifen. Well hie staark alkoholiséiert war an eng Gefor fir sech selwer an aner Persoune duergestallt huet, koum hien an eng Arrestzell.
An engem zweete Fall huet eng Fra Beamte beleidegt an ugejaut. Si huet sech schliisslech virun de Policewon gestallt. Och si gouf an enger Arrestzell ënnerbruecht.