
Wouru läit dat? Hunn d’Krittäre geännert oder goufen et einfach manner schlëmm Fäll vu Gewalt am Stot? Dat wollt den Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum an enger parlamentarescher Fro un den Inneminister gewuer ginn.
An enger gemeinsamer Äntwert vum Inneminister Léon Gloden, der Justizministesch Elisabeth Margue an der Chancëgläichheetsministesch Yuriko Backes gëtt präziséiert, datt an all Fall vu Gewalt am Stot e Rapport gemaach gëtt. Allerdéngs féiert net forcement all Interventioun vun der Police systematesch zu enger Expulsioun. Datt d’Unzuel un Expulsiounen zanter 2014 ofgeholl huet, hätt de Ministeren no net domat ze dinn, datt kee Suivi vun de Fäll gemaach gouf an d’haislech Gewalt wier ganz sécher net iwwert d’Jore méi toleréiert ginn, gëtt an der Äntwert betount.
Datt d’Unzuel un Interventiounen dogéint zougeholl huet, wier méiglecherweis doduerch ze erklären, datt d’Bewosstsi bei de Leit geännert huet an all Form vu Gewalt am Stot manner acceptéiert gëtt. Doduerch géifen deemno wéi och méi Fäll vu liichter Gewalt bei der Police gemellt ginn, bei deenen d’Affer net forcement a Liewensgefor ass.
De Chancëgläichheetsministère géif allerdéngs weider u Projete schaffe fir d’Affer ze schützen, d’Auteure vu Gewaltakten ze responsabiliséieren an ze sanktionéieren, a méi a Punkto Informatioun a Preventioun ze maachen. Dozou gehéiert ënnert anerem d’Schafe vun enger Struktur fir d’Affer vu Gewalt, déi 24 Stonnen op 7 op ass an d’Ausschaffe vun engem nationalen Aktiounsplang géint all Form vu Gewalt.