
Vill Leit freeë sech elo op en onbeschwéierte Summer. Ma am Hannergrond lafen an der Politik schonn d’Virbereedungen op den Hierscht, wou an de leschten 2 Joer d’Neiinfektiounen nees op ee Coup an d’Luucht gaange sinn.
D’Sonn schéngt, de Summer steet virun der Dier, an no iwwer 2 Joer Pandemie ass de Wonsch no Normalitéit grouss. Bei groussen Eventer kommen nees dausende vu Leit zesummen an d’Mask ass och scho méi laang keen allze beléiften Accessoire méi. D’Leit an der Bevëlkerung freeë sech zu engem groussen Deel, iwwert dat luest, awer séchert Ofschafe vun de Covid-Mesuren.
Trotz dëser ëmmer méi grousser Liichtegkeet, déi an der Bevëlkerung zréck kënnt, heescht et fir d’Politik, de Virus net aus den Aen ze verléieren.
D’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert ënnersträicht, datt een dat net géing maachen. Et wier ee preparéiert, mee den Ament géing et awer och kee Grond gi beonrouegt ze sinn.
“Mat deem Taux de Vaccination, dee mer am Moment hunn, maache mer eis keng Suergen, datt géinge vun haut op muer iwwert de Summer an de Spideeler d’Neiinfektiounen nees signifikativ an d’Luucht goen. Fir den Hierscht preparéiere mer eis selbstverständlech, fir de Fall, datt en aneren Typ Variant géing kommen. Datt mer prett sinn, fir erëm méi ze testen, méi massiv ze impfen, wann dat misst sinn. Wann nei Impfstoffer do wären oder e Booster generell géing recommandéiert ginn.”
Imminent wier och elo den Avis vum Expertegrupp zu der Impfflicht. De Grupp hat sech jo am Januar fir eng Impfflicht fir Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur, souwéi och fir Leit vu 50 Joer un ausgeschwat.
Mat un dësem Avis schafft och de Virolog Dr. Claude Muller. Den Avis wier ganz geschwë fäerdeg, awer et bräicht doriwwer eraus weider Preparatioun: “Wat ganz entscheedend ass, fir eng Virbereedung op den Hierscht. Do huele mer un, datt et wéi an de leschten 2 Joer zu enger Recrudescence vun de Fäll kéint kommen. Do ass et ganz wichteg, datt mer e gesetzleche Kader hunn, wou mer ganz séier kënne reagéieren. Wou mer net fir all Moossnam mussen en neit Gesetz maachen.”
Et géing een och net weider mat de Preparatioune waarden, seet d’Paulette Lenert.
“Mir wäerten e Mëttwoch an der Chamber Decisiounen huelen iwwert déi Mesuren, déi en Place bleiwen. Dëst well eis d’Zäit am Hibléck op déi aktuell Lafdauer vum Gesetz ausgeet. Sou oder sou wäerte mer Positioun huelen zu deene Mesuren, déi bleiwen, ronderëm den Isolement an de Prisongen oder och am Gesondheets- a Fleegesecteur.”
Wann een de richtege gesetzleche Kader hätt, fir séier kënnen op ënnerschiddlech Pandemie-Situatiounen ze reagéieren, da kéint ee gutt duerch den Hierscht a Wanter kommen, ënnersträicht den Dr. Claude Muller.
RTL News: Zäit leeft der Regierung fort - Kënnt eng Corona-Impfflicht am Hierscht oder net?