
An hirem Avis zum Gesetzprojet erkläert d’Chambre des Salariés (CSL) e Méindeg, datt aacht Sonndesstonnen amplaz vu véier d’Kollektivverträg géingen ofschwächen.
Et wier nämlech dann esou, datt Betriber hire Salariéeë just de Minimum misste ginn, deen d’Gesetz virgesäit, iwwerdeems am Moment d’Personal duerch Kollektivverträg besser Konditioune fir zousätzlech Sonndesaarbecht kéint aushandelen. Donieft fäert d’CSL Verschlechterunge fir d’Privatliewe vun de Salariéen an datt kleng Geschäfter konkurrenziell e groussen Nodeel géinge kréie géintiwwer de Grandes-Surfacen.
D’Salariatskummer verdächtegt, datt d’Reform vun der Sonndesaarbecht, esou ewéi d’CSV-DP-Regierung se plangt, just eng éischt Etapp wier, fir duerno d’Aarbechtszäit ganz ze liberaliséieren. D’CSL bedauert, datt d’Regierung decidéiert hätt, d’Sonndesstonnen ze liberaliséieren ouni d’Vertrieder vum Personal ze froen. Se weist och drop hin, datt d’Leit, déi am Handel schaffen, zu deenen ekonomesch Vulnerabelste gehéieren.
Den Aarbechtsminister huet d’Reform domadder begrënnt, datt een d’Aarbechtsmodeller wéilt duerch méi Flexibilitéit un nei Realitéiten an d’Besoine vun de Betriber a Salariéen upassen.