
De Gesondheetsministère rappelléiert gewëss Geforen, wat Krankheeten ugeet, wéi d’Borreliose hei bei eis oder a Süddäitschland, Schwäiz, Éisträich oder Osteuropa nach d’Méningo-Encéphalite.
Et gëtt recommandéiert, sech ze protegéieren. Ënner anerem soll een adequat Gezei unhunn, wann een op Risiko-Plazen ënnerwee ass. All d’Detailer ginn et um Site vum Gesondheetsministère.