Réckruff vun DelhaizeMéiglecherweis Friemkierper an "DLL Burger boeuf (épicé)"

RTL Lëtzebuerg
Wéi Delhaize an engem Communiqué matdeelt, kéinte Stécker roude Plastik an de Rëndsburger dra sinn, déi tëscht dem 27. an 30. Juni verkaaft goufen.

Den Oflafdatum vun de betraffene Produiten ass den 3. Juli 2023.

Mëttlerweil goufen déi betraffe Produiten all aus de Regaler geholl. Sollte Clienten där Burger kaf hunn, solle se se net consomméieren, ma zeréck an de Buttek bréngen. D’Leit kréien dann och hir Suen zeréck.

PDF: Schreiwes vun Delhaize

Back to Top
CIM LOGO