
Bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt wäert am Nomëtteg vun der Belsch erfort Schnéi a Reen an d’Land erakommen. Géint 14 Auer ass et lassgaange mat den éischte Schnéischaueren. Spéider sollen déi a Reen, respektiv Äisreen iwwergoen.

Well d’Temperaturen ëm de Gefréierpunkt leien, kann de Reen och als Glëtz erofkommen, respektiv um kale Buedem dann an Äis iwwergoen. Doduerch riskéiert et natierlech geféierlech ze ginn am Stroosseverkéier, oder och soss, wann een ze Fouss ënnerwee ass.
Meteolux huet um Samschdeg den Owend eng Alerte jaune erausgi fir e Sonndeg tëscht 14 an 20 Auer. D’Warnung bezitt sech op méiglecht Optriede vu Glatäis, respektiv vun Äisreen/Glëtz.
