
Dat kruten d’Kolleege vun RTL 5minutes vum Kielener Buergermeeschter Félix Eischen, wéi och vun der SNHBM confirméiert. Et hätt Retarde ginn duerch Autorisatiounen an der Commodo-Incommodo-Prozedur.
Fréistens am September, also nom Kollektiv-Congé, kéint mat den Terrassementsaarbechten ugefaange ginn. E Méindeg soll et wéinst deem Chantier dann och eng Reunioun ginn.
Detailer fannt Dir op 5minutes.lu.